Emploi
Mes offres
Mes alertes emploi
Se connecter
Trouver un emploi Astuces emploi Fiches entreprises
Chercher

New agent administratif - focus (m/w/nb)

ARCUS asbl
Agent administratif
Publiée le 21 octobre
Description de l'offre

Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarungen vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. Arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir eise Service Focus : Agent administratif (M/W/NB) - 32-40 Stonnen/Woch CDI


Beim Focus, dem Kompetenz- an Entwécklungszenter vun arcus, stinn d’pädagogesch Fachleit an d’Institutiounen am Mëttelpunkt. Hei schaffen engagéiert Pädagogen a Fachbegleeder Hand an Hand un der Qualitéitsentwécklung, der professioneller Begleedung an der Konzeptioun vun neie pädagogesche Weeër. De Focus proposéiert individualiséiert Formatiounen, pädagogesche Support, Teamsupervisiounen souwéi individuell a kollektive Coaching. De Fokus: déi Fachleit ze stäerken, déi all Dag mat Kanner schaffen – fir datt si mat Kompetenz, Vertrauen a Freed hiren Alldag gestalte kënnen. Wou Qualitéit, Mënschlechkeet a Professionalitéit sech begéinen, entsteet e Raum fir Wuesstum an Entwécklung – fir d’Fachleit selwer an d’Kanner, déi se begleeden.



Responsabilitéiten

* Gestioun an administrative Suivi vun de Formatiounen déi de Service Focus ubitt, vun der Planifikatioun bis zur Realisatioun a Facturatioun

* Gestioun vun den Emailen, Courrier an Uriff

* Gestioun vun den Dokumenter a Verbindung mat de Formatiounen (Kontrakter mat de Formateuren, Presenzlëschten, Zertifikaten,...)

* Logistesch Gestioun vum Material

* Accueil vun de Participanten an de Formateuren, souwéi de Clienten an de Fournisseuren

* Verwaltung vun der deeglecher administrativer Aarbecht



Obligatoresch Ufuerderungen

* Du hues een Diplom als « DAP/CATP agent administratif et commercial »

* Du hues e puer Joer Beruffserfarung

* Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht

* Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet

* Du hues ee gudde Kontakt mam Client

* Du hues ganz gutt Kenntnisser am „MS Office“

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen



Mir bidden

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

-----------------------------------

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder
Offre similaire
Agent administratif (m/f/d) - service national des activités spécialisées
Stëftung Hëllef Doheem
Agent administratif
Offre similaire
Agent administratif (m/f) (réf. e00038481) (réf. f00038482)
GovJobs
Agent administratif
Offre similaire
Agent administratif au sein de la cellule des relations avec les partenaires de l’éducation (m/f) (réf. e00038408)
GovJobs
Agent administratif
Offres similaires
Emploi Luxembourg
Accueil > Emploi > Emploi Administratif > Emploi Agent administratif > Emploi Agent administratif en Luxembourg > NEW Agent administratif - Focus (M/W/NB)

Jobijoba

  • Dossiers emploi
  • Avis Entreprise

Trouvez des offres

  • Offres d'emploi par métier
  • Recherche d'emploi par secteur
  • Emplois par sociétés
  • Emploi par localité

Contact / Partenariats

  • Contact
  • Publiez vos offres sur Jobijoba

Mentions légales - Conditions générales d'utilisation - Politique de confidentialité - Gérer mes cookies - Accessibilité : Non conforme

© 2025 Jobijoba - Tous Droits Réservés

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder