Arcus asblarcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft. NEI STRUKTUR Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung?Dann bass du bei eis genau richteg. Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss, Educateurs gradués (M/W/NB) fir eng 35-38 Stonnen/ Woch CDI an eisem neien Centre socio - thérapeutique zu Lamadelaine. Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand get et een individuelle Plang, deen am Laaf vu senger Entwéckung emmer erem ugepasst get. Mir gesin d’Verhaale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhaalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir bauen Bezéiung ob an ennerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwer-fuedernden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräifen kann. Mir schaaffe Bewosstsäin fir eis eege Prozesser an Empfannen mat der Fro: Waat mecht daat Verhaale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een emmer bessert Géintiwer ze sin. Responsabilitéiten: D'Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Rahmen vun eiser neier Daagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldaag begleeden:Vermettelen vu formalen und non-formalen InhalterD'Kanner op hirem Wee zréck an d'Schoul begleedenKooperatioun mat externe Partner a mat de FamilljenDokumentatioun vu Prozessverleef Obligatoresch Ufuerderungen:Du hues een unerkannten Diplom als éducateur graduéDu hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat KannerDu bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffenDu kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzenDu hues d'Fähegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun Wënschenswäert UfuerderungenDu hues Erfahrung am Beräich vun der Kanner- a JugendhëllefZousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapädagogik, Deeskalatioun Erlebnispädagogik, Konschtpedagogik, systemesche Berooder, asw. si vu Virdeel Mir bidden dir:Du bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur!Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren.