Emploi
Mes offres
Mes alertes emploi
Se connecter
Trouver un emploi Astuces emploi Fiches entreprises
Chercher

Educateur diplômé

Virton
ARCUS asbl
Educateur
Publiée le Publiée il y a 23 h
Description de l'offre

Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Se ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Se bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir siche fir d'Maison Relais Capellen: Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) – CDI – 20-30 Stonnen/Woch

An der Maison Relais Capellen gëtt Teamgeescht tëscht dem Personal, de Kanner, den Elteren an der Schoul grouss geschriwwen. 250 Kanner ginn an enger dynamescher Ekipp vu 35 Mataarbechter, fir déi Zesummenhalt, Inklusioun an e gudde Kontakt zu der Famill wichteg ass, empfaangen. Villfälteg Bildungsräim, déi vum pädagogesche Personal kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, stinn de Kanner zur Verfügung. All Mataarbechter huet d'Méiglechkeet sech stänneg weider ze entwéckelen, duerch Formatiounen déi ugebuede ginn, ewéi och duerch déi intern Fachberodung.


Responsabilitéiten:

* Du empfänks a begleeds Kanner vum Cycle 1-4

* Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

* Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung

* Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Obligatoresch Ufuerderungen

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom oder sichs eng Aarbechtsplaz fir deng Educateursformatioun

* Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel


Mir bidden

* D'Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou datt du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

-----------------------------------

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder
Offre similaire
Educateur diplômé / éducateur (m/f/d) - crèche "am kuebenascht" à fischbach - cdi - 35h (5744)
Virton
CDI
Croix-Rouge luxembourgeoise
Educateur
Offre similaire
Educateur diplômé
Virton
SERVIOR
Educateur
Offre similaire
Educateur spécialisé
Virton
Butzemillen
Educateur spécialisé
Offres similaires
Emploi Social à Virton
Emploi Virton
Emploi Luxembourg
Emploi Région Wallonne
Accueil > Emploi > Emploi Social > Emploi Educateur > Emploi Educateur à Virton > Educateur diplômé

Jobijoba

  • Dossiers emploi
  • Avis Entreprise

Trouvez des offres

  • Offres d'emploi par métier
  • Recherche d'emploi par secteur
  • Emplois par sociétés
  • Emploi par localité

Contact / Partenariats

  • Contact
  • Publiez vos offres sur Jobijoba

Mentions légales - Conditions générales d'utilisation - Politique de confidentialité - Gérer mes cookies - Accessibilité : Non conforme

© 2025 Jobijoba - Tous Droits Réservés

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder