Emploi
Mes offres
Mes alertes emploi
Se connecter
Trouver un emploi Astuces emploi Fiches entreprises
Chercher

Educateur diplômé

Virton
ARCUS asbl
Educateur
Publiée le Publiée il y a 18 h
Description de l'offre

Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen Weider Infoe fënns du ënner formida.lu


Fir eise Centre Formida siche mir een: Educateur diplômé (M/W/NB) - 30-35 Stonnen d'Woch, CDI



Responsabilitéiten

* Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 a 24 Joer an engem CISP (centre d'insertion socio-professionnelle)

* Zesumme mat de Partnerlycéeën, eng kreativ Approche entwéckelen an ëmsetze fir deene Jonken hire schouleschen a soziale Parcours ze stabiliséieren

* Ofstëmmung vu formalen an non-formale Bildungselementer a verschiddenen Atelieren am Sënn vun "Projektlernen" a "Skillstraining"

* Begleedung vun deene Jonken a hirer (Ré)integratiounsphase an d'Schoul oder an d'Beruffswelt


Obligatoresch Ufuerderungen

* Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éductaeur(trice) diplômé(e)

* Zousazausbildungen an de Beräicher Erliefnespedagogik, Konschtpedagogik oder anere kreative Beräicher si vu Virdeel

* Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

* Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen


Mir bidden

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)


-----------------------------------

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder
Offre similaire
Plusieurs éducateurs diplômés
Virton
Ville de Luxembourg
Educateur
Offre similaire
Educateur (m/f)
Virton
GovJobs
Educateur
Offre similaire
Educateur gradué/ chef de groupe adjoint (m/f/d) centre d'accueil norbert ensch - groupe zoé (mamer) - cdi - 30h (5721)
Virton
CDI
Croix-Rouge luxembourgeoise
Educateur
Offres similaires
Emploi Social à Virton
Emploi Virton
Emploi Luxembourg
Emploi Région Wallonne
Accueil > Emploi > Emploi Social > Emploi Educateur > Emploi Educateur à Virton > Educateur diplômé

Jobijoba

  • Dossiers emploi
  • Avis Entreprise

Trouvez des offres

  • Offres d'emploi par métier
  • Recherche d'emploi par secteur
  • Emplois par sociétés
  • Emploi par localité

Contact / Partenariats

  • Contact
  • Publiez vos offres sur Jobijoba

Mentions légales - Conditions générales d'utilisation - Politique de confidentialité - Gérer mes cookies - Accessibilité : Non conforme

© 2025 Jobijoba - Tous Droits Réservés

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder