Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir de Service Betreit Wunnen: Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) - 40 Stonnen/Woch, CDI
D'Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d'Méiglechkeet, eng autonom Liewens- an Handlungsweis z'entwéckelen. Op Aenhéicht bereet de multidisziplinäeren Team déi Jonk op hir Zukunft vir a begleet si op hirem Wee an d'Onofhängegkeet. Dozou gehéiert, datt déi Jonk een eegent Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder e Studio zur Verfügung gestallt kréien. Fir d'Qualitéit vun der Aarbecht ze stäerken, hunn d'Mataarbechter duerch Supervisiounen an Eenzelcoachings mam Chef de Groupe d'Méiglechkeet, sech ze reflektéieren an sech perséinlech ewéi och fachlech weiderz'entwéckelen. Sou sinn si optimal op déi berufflech Erausfuerderungen am Alldag virbereet.
Responsabilitéiten
* Verantwortung fir 2-3 Wunngemeinschaften am Norden an Osten vum Land
* Begleedung an Ënnerstëtzung vun 7-8 jonken Erwuessenen an hirem Alldag (Wéchentlech Eenzelgespréicher, Ausschaffe vun Ziler, asw.)
* Ausféieren vu sozialpädagogeschen Opträg
* Plangen an Ausféieren vu Gruppenaktivitéiten
* Koordinatioun an Zesummenaarbecht mat internen an externen Kooperatiounspartner
* Planifikatioun a Leedung vu Grupperversammlungen
Obligatoresch Ufuerderungen
* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am soziale Beräich
* Du hues den Fürerschäin B an een eegenen Auto
* Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen
* Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleeden vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann
* Du bass motivéiert a flexibel an engem Ëmfeld ze schaffen an deem Imprevuen a Changementer Deel vun denger Aarbecht sinn
* Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen
* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sproch ass vu Virdeel
Mir bidden
* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
-----------------------------------