Emploi
Mes offres
Mes alertes emploi
Se connecter
Trouver un emploi Astuces emploi Fiches entreprises
Chercher

Account manager

Arlon
Moovijob
Directeur de clientèle
Publiée le Publiée il y a 15 h
Description de l'offre

Moovijob.com, déi féierend Plattform fir Jobannoncen zu Lëtzebuerg an Haaptorganisateur vu Karriärsevenementer, ass op der Sich no neie Mataarbechter.

Entdeck elo wéi's du eis hëllefe kanns eis Servicer weider z'entwéckelen, andeems de eisem Sales-Team bäitrëts.


Business Developer B2B (m/w/d) – Stage oder CDI

Kontrakt: CDI oder Stage (min. 6 Méint a Vollzäit)

Entrée vum Posten: no Ofsprooch

Wien si mir?

Zënter 2007 huet Moovijob.com sech zum wichtegsten Acteur um lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché entwéckelt.

Mat méi wéi 5000 Jobannoncen op eiser Plattform an eise villfältegen Eventer déi iwwert ganzt Joer verdeelt sinn, brénge mir Talenter a rekrutéierend Entreprisen zesummen.

Bei Moovijob.com derbäi sinn heescht Deel vun enger Firma mat staarkem Wuesstum ze ginn, eng beräicherend mënschlech Erfarung ze maachen a sécher Perspektive fir deng Carrière opzebauen.

Wat bréngs de mat?

* Du bass bereet ze léieren an dech wieder ze entwéckelen oder du hues schonn Erfarung am Verkaf.
* Du hues Ambitiounen a Loscht op Erausfuerderungen.
* Du hues groussen Interessi u Verkaf.
* Du bass oppen, dynamesch, organiséiert a riguréis.
* Du schwätz onbedéngt Lëtzebuergesch oder Däitsch, souwéi Franséisch. (Englesch oder aner Sproochen si natierlech e Plus)

Wat ass deng Roll?

* Entwécklung vum Site Moovijob.com: Du fënns nei Clienten (Entreprisen), déi op der Sich no neie Mataarbechter sinn, a proposéiers hinnen d'Diffusioun vun hiren Offeren op eiser Plattform.
* Clientë kontaktéieren, betreien a laangfristeg begleeden

Wat bidde mir:

* E familiäert a dynamescht Aarbechtsëmfeld mat engem Startup-Vibe.
* Büroe ganz no bei der Staater Gare an den Tram-/Busarrêten.
* Eng super Geleeënheet fir nei Tools a Fäegkeeten ze léieren.
* Divers a spannend Missiounen.
* Eng multikulturell Ekipp vun 20 Leit, déi ëmmer prett sinn, sech géigesäiteg z'ënnerstëtzen.

Wann s du mengs, dass dëse Poste genee fir dech ass, da mell dech elo op Moovijob.com a vergiess net, däin CV an e klenge Motivatiounsschreiwes derbäi ze maachen. Mir freeën eis, dech kennen ze léieren

Méi iwwer Moovijob.com a eis Ekipp fënns de op eise soziale Medien:

* https://www.linkedin.com/company/moovijob/
* https://www.instagram.com/moovijob
* https://www.facebook.com/Moovijob
* https://www.tiktok.com/@moovijob.com

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder
Offre similaire
Account manager metal maintenance région luxembourg
Arlon
Wurth Belux nv
Directeur de clientèle
Offre similaire
Account manager metal maintenance région luxembourg
Messancy
Wurth Belux nv
Directeur de clientèle
Offre similaire
Accounts manager/ finance manager - part time
Arlon
Michael Page
Directeur de clientèle
Offres similaires
Emploi Commerce à Arlon
Emploi Arlon
Emploi Luxembourg
Emploi Région Wallonne
Accueil > Emploi > Emploi Commerce > Emploi Directeur de clientèle > Emploi Directeur de clientèle à Arlon > Account Manager

Jobijoba

  • Dossiers emploi
  • Avis Entreprise

Trouvez des offres

  • Offres d'emploi par métier
  • Recherche d'emploi par secteur
  • Emplois par sociétés
  • Emploi par localité

Contact / Partenariats

  • Contact
  • Publiez vos offres sur Jobijoba

Mentions légales - Conditions générales d'utilisation - Politique de confidentialité - Gérer mes cookies - Accessibilité : Non conforme

© 2025 Jobijoba - Tous Droits Réservés

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder