Emploi
Mes offres
Mes alertes emploi
Se connecter
Trouver un emploi Astuces emploi Fiches entreprises
Chercher

Educateur diplômé

Bastogne
ARCUS asbl
Educateur
Publiée le Publiée il y a 23 h
Description de l'offre

Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun derAide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

De Centre d'insertion socio-professionel (CISP) Movida riicht sech u Jugendlecher, déi sech aus ganz ënnerschiddlechen Grënn am reguläre Schoulsystem net zurechtfannen a bei der Erfëllung vun der Schoulpflicht op eng intensiv sozialpädagogesch Ënnerstëtzung ugewise sinn. An eiser Dagesstruktur begleets du Jugendlecher am Alter vun 12 - 16 Joer unhand vun handlungsorientéierter Projetsaarbecht, mam Bléck op eng traumapädagogesch Virgoensweis.


Responsabilitéiten

Mir siche fir den CISP Movida zu Furen een Educateur diplomé (M/W/NB) 30-35 Stonnen/Woch CDI

* Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter

* Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

* Ënnerstëtzen a Begleeden vu Jugendlecher op hirem Wee


Obligatoresch Ufuerderungen

* Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

* Dir hutt eng respektvoll Haltung

* Dir hutt minimum 3 Joer Beruffserfahrung a pädagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlecher

* Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten

* Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

* Dir hutt Fäegkeet a Bereetschaft zur Selbstreflexioun a Selbstregulatioun


Mir bidden

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

-----------------------------------

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder
Offre similaire
Educateur(trice) gradué(e)
Bastogne
Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP)
Educateur
Offre similaire
Educateur diplômé (m/f/d) - maison relais strassen- cdi - 30h (5879)
Bastogne
CDI
Croix-Rouge luxembourgeoise
Educateur
Offre similaire
Educateurs diplômés
Bastogne
ARCUS asbl
Educateur
Offres similaires
Emploi Social à Bastogne
Emploi Bastogne
Emploi Luxembourg
Emploi Région Wallonne
Accueil > Emploi > Emploi Social > Emploi Educateur > Emploi Educateur à Bastogne > Educateur diplômé

Jobijoba

  • Dossiers emploi
  • Avis Entreprise

Trouvez des offres

  • Offres d'emploi par métier
  • Recherche d'emploi par secteur
  • Emplois par sociétés
  • Emploi par localité

Contact / Partenariats

  • Contact
  • Publiez vos offres sur Jobijoba

Mentions légales - Conditions générales d'utilisation - Politique de confidentialité - Gérer mes cookies - Accessibilité : Non conforme

© 2025 Jobijoba - Tous Droits Réservés

Postuler
Créer une alerte
Alerte activée
Sauvegardée
Sauvegarder