Als eng vun de féierenden Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter. Mir sinn ëmmer erëm op der Sich no motivéierten Mataarbechter.
Mir sichen fir d'Schoulrentrée 2025-2026 Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir an verschidden Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vun Kanech mam Schoulbus matzefueren.
D'Plaz
* Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat
* Dir suergt fir en stressfräien a sécheren Schoulwee mam Bus
* Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus
* Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bleiwt
Äre Profil
* Dir sidd pünktlech, verantwortunsgbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen
* Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch
* Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhalen vun de Kanner fréihzäiteg z'erkennen an entspriechend rouheg ze handelen
* Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.
* Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.
Eis Offer
* Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass
* E Contract CDD fir 20 Stonnen d'Woch
* Eng Plaz, déi direkt disponibel ass
* Aarbechtsplaz: Kanech
-----------------------------------